Hei fannt dir no a no vill Basics, déi dir fir de Cycle 4 braucht an och am Lycée, wou se och virausgesat sinn. Et soll eng Säit sinn, fir nozeschloen, fir ze widderhuelen oder ze verdéiwen.
Dir fannt do Tutorials (Audio- a Videoerklärungen) zu all méiglechen Themen oder och ganz einfach konkret Tatsaachen, déi ze wësse sinn. Zum Beispill: Wéi kléngt d'Négatioun vun de verbes pronominaux am Franséischen? Wéi sinn d'Stammzäiten vum Verb "graben"?
Mir wënschen iech vill Spaass beim Kucken, Lauschteren, Widderhuelen, Verdéiwen, also vum Léieren.